D'Lëtzebuerger Associatioun vun den Hiewannen huet eng Hotline ageriicht, fir schwanger Fraen a Mammen ze informéieren an ze begleeden.

Wéi d'ALSF (Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes) e Sonndeg de Moie matdeelt, huet si eng Hotline fir schwanger Fraen a Mammen ageriicht.

D'Nummer ass 621 630 218 an d'Email-Adress alsf@pt.lu.

Dës Hotline ass fir all schwanger Fraen a Mammen, déi grad e Kand kritt hunn, an Informatioune brauchen, geduecht.

Domat kéint d’Hiewanenaarbecht méi effikass koordinéiert ginn, esou d'ALSF. D'Hiewanne si fir d'Berodung wärend der Schwangerschaft, d'Virbereedung op d'Gebuert an d'Betreiung vu Mammen an hire Puppelcher zoustänneg.

Wéinst der Covid19-Pandemie gëtt den Ament och a Spidoler alles gemaach, fir d'Ustiechungsgefor ze reduzéieren. Dofir bleiwen och Mammen no der Gebuert just esou laang wéi néideg an der Klinik.

Dofir bidden d'Hiewannen elo folgend Prestatiounen un:

  • Téléconsultatioun wärend der Schwangerschaft a no der Gebuert
  • Telephonesch Consultatioun wärend Schwangerschaft a no der Gebuert
  • Online-Gebuertsvirbereedungscoursen
  • Betreiung doheem no der Gebuert duerch eng Hiewan
  • Stëllberodung 

Fir déi telephonesch Consultatiounen huet d'CNS en Ofrechnungscode zur Verfügung gestallt.

Déi liberal Hiewane kéinten an den éischte 24 Stonnen no der Gebuert Mammen an an hir Kanner doheem betreien, an dat esou laang wéi néideg.