Wéi de Centre Hospitalier du Nord e Sonndeg matdeelt, ass den éischte Covid-Scanner prett. Elo gëtt e getest an d'Personal forméiert.

Duerno sollen dann déi éischt Patienten ënnersicht kënne ginn. Dat soll bis Enn der Woch de Fall sinn.

Lëtzebuerg hat jo 4 zousätzlech Scannere bestallt, wéi d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op hirer leschter Pressekonferenz annoncéiert hat.

Am Laf vun nächster Woch sollen och déi aner Spideeler hire Scanner kréien.