D'Luxembourg Air Rescue hëlleft dem franséische SAMU beim Transfert vu Coronavirus-Patienten.

D’Luxembourg Air Rescue ass zënter e Samschdeg mat engem Ambulanzjet an zwee Helikopteren an de Noutsystem vum franséische SAMU mat agebonnen. Dëst op Ufro vun der franséischer Regierung. An der Nuecht op e Sonndeg goufe Coronavirus-Patienten aus dem Oste vu Frankräich op Hamburg mat dësem Ambulanzjet geflu fir déi franséisch Spideeler z‘entlaaschten.

© Luxembourg Air Rescue