Iwwert de Service "Zoom" sollte Schüler aus enger Beruffsschoul vun Doheem aus de Cours als Videokonferenz gewise kréien, dëst ass schif gaangen.

An der Zäit vun der Quarantän leeft villes anescht, an och de Schoulalldag muss ëmorganiséiert ginn.

Vill Schoule maache Gebrauch vum E-Learning, esou och eng Beruffsschoul an der Schwäiz zu Winterthur. Hei haten d'Schüler vun der Léierpersoun e Passwuert kritt, fir sech am Service "Zoom" unzemellen. Op dëser Plattform kënnen all d'Schüler aus enger Klass de Cours matverfollegen, deen d'Léierpersoun fir si live mat der Kamera ophëlt.

An dësem Fall huet dat net esou geklappt wéi et hätt sollten. Hacker haten sech ugemellt, a grad an dem Moment wou d'Fra de Schüler een Dokument virun d'Kamera hale wollt, huet een aner Geräischer héieren. Kuerz drop war amplaz vun der Léierpersoun ee Pornofilm ze gesinn.

D'Schüler goufen opgefuerdert d'Plattform ze verloossen, an d'Konferenz ass dunn iwwert Skype weidergelaf. Wéi d'Hacker un d'Passwuert koumen ass net gewosst.