D'Mesurë ginn an den USA verschäerft, betraff ass virun allem den Export vu wichtegem Material.

Den Donald Trump hat matgedeelt, dass den Export vu knappem medezinesche Gezei verbuede soll ginn, dëst wéinst der Ausbreedung vum Coronavirus.

Otemschutzmasken vum Typ N95, Operatiounshändschen an aner Produiten bräicht d'Land selwer, esou de President. Weider réit hien de Bierger, Otemschutzmasken unzedoen, allerdéngs just déi, déi een doheem selwer aus Stoff maache kann, fir dass dat wichtegt Material weiderhin dem Spidolspersonal gëllt.

Amerikanesch Entreprisen, déi ënnert anerem Otemschutzmasken produzéieren gesinn dëst kritesch, an weisen op d'humanitär Auswierkungen op aner Länner hin. Et géif een domat provozéieren dass aner Länner déi selwecht Mesuren uwennen.

Et gëtt dann och drop higeschafft, dass wichteg medezinesch Produiten deemnächst an den USA produzéiert ginn, an net méi am Ausland. Wéi de Beroder vum Donald Trump matgedeelt hat wier heibäi Riets vun Antibioticken an Beootmungsapparater.