Si kommen aus engem griichesche Flüchtlingscamp, a sollen d'nächst Woch schonn ureesen.

Vun der nächster Woch un ginn 1.600 Flüchtlingen op 8 EU-Länner verdeelt, dëst hat d'Ursula von der Leyen um Freideg den Owend beim ARD ugekënnegt.

Lëtzebuerg fänkt als éischt Land un, an hëllt 11 Kanner op, esou wéi den Immigratiounsminister Jean Asselborn et nach viru kuerzem ugekënnegt hat. Si sinn ouni Begleedung an engem griichesche Flüchtlingscamp a kommen d'nächst Woch warscheinlech un, esou d'von der Leyen. Virun allem elo an der Zäit vun der Ausbreedung vum Coronavirus wier et prioritär, déi schwächsten aus de Camps ze huelen an se ze placéieren.