Béid Persoune si geflücht, si konnte festgeholl ginn.

Wéi d’Police mellt gouf an der Nuecht op e Samschdeg an e Kiosk op der Stater Gare agebrach. Sécherheetspersonal hat d’Policebeamten drop higewisen, dass eng oder méi Persoune fortgelaf wieren. Kuerz duerno konnt e Mann virun der Gare ugetraff ginn, deen op d’Beschreiwung vun der Sécherheet gepasst huet. Och deen zweeten Täter konnt kuerz drop gestallt ginn. Béid goufe matgeholl an nom Verglach mat de Biller op der Sécherheetskamera festgeholl. Se kommen um Samschde Mëtteg virun den Untersuchungsriichter.