Den Täter huet a verschiddene Geschäfter op Mënschen agestach. Eng Persoun schwieft den Ament a Liewensgefor.

Bei enger Messerattack an der franséischer Gemeng Romans-sur-Isère sinn e Samschde Moien 2 Persoune gestuerwen. 7 weider Persoune goufe blesséiert. Eng vun hinne schwieft a Liewensgefor. Den Täter huet a verschiddene Geschäfter op d'Proprietären a Clienten agestach. No den Doten huet hie sech ouni Widderstand ze leeschte festhuele gelooss. Déi genee Hannergrënn vun der Dot sinn den Ament net bekannt. Engem Spriecher vun der Police géifen éischt Indicen awer op eng terroristesch Motivatioun hindeiten.

An enger éischter Reaktioun huet de franséische President Emmanuel Macron via Twitter matgedeelt, dass een Alles maache géing fir dës infam Dot opzeklären, déi d'Land an enger Situatioun treffe géif an der et an de leeschte Woche scho genuch gepréift gi wier.