Ronn 42.000 Infizéierter ginn et den Ament a Groussbritannien. D'Gesamtzuel vun den Doudesaffer läit bei 4.313.

Zënter e Freide sinn a Groussbritannien 708 Mënschen duerch de Coronavirus gestuerwen. Domadder klëmmt d'Zuel vun den Doudege bannent engem Dag op de britteschen Insele fir déi véierte Kéier hannereneen. Ënnert den Doudesaffer ass och e Kand vu 5 Joer. Aktuell läit d'Zuel vun den Infizéierten am Vereenegte Kinnekräich bei knapp 42.000. Déi vun den Doudesaffer läit bei 4.313.