Déi aktuell Zuelen aus Spuenien an Italien ginn e bëssen Hoffnung: no engem Mount soll Italien manner Intensivpatienten zielen.

An Italien ass d'Zuel vun den Intensivpatienten zeréckgaangen, esou de Chef vum italieneschen Zivilschutz géintiwwer de Medien. Dat géif de Spideeler eng kleng Paus verschafen. mat 3994 Persounen also 74 manner e wéi um Dag virdrun.

Donieft, sou d'BBC, ass Spuenien kuerz virdru laanscht den Infektiouns-Peak ze kommen, d'Zuel vun den Doudesaffer ass elo an an zwee Deeg hannereneen zeréckgaangen. Mat 809 pro Dag ass d’Zuel vun den Doudesaffer zanter enger Woch op engem Déifpunkt.

Spuenien soll bis de 25. Abrëll nach am Lockdown bleiwen. Den Ament gëtt dru geschafft Maske fir déi generell Populatioun zougänglech ze maachen, fir idealerweis aktuell Restriktiounen ze entschäerfen.