Norwegen schafft den Ament un enger Method fir CO2-Emissiounen am Mier ze „stockéieren“.

D’Konzept heescht „Northern Lights“ a soll deemno op folgend Aart a Weis funktionéieren:

Am Kader „Carbon Capture Storage“ (CCS) sollen d’Emissiounen, déi duerch Produktiounen an der Zement-, Chimie oder Metallindustrie entstoen opgefaangen, dat nach éier den CO2 an d’Atmosphär gerode kann.

Per Pipeline oder Schëff soll den CO2 dann an eng bestëmmten Zort vu Sandsteen, ënnert dem Mier, am Fall vu „Northern Lights“ an der Nordsee, stockéiert ginn. Am Waasser géing sech en Deel vum Kuelendioxid léisen, sou ZDF,  de Rescht géif a Form vu Gasblosen am Stee bleiwen, wou et schlussendlech mineraliséiert.

Nei ass dat Konzept vum CCS u sech net, d'Norwegescht Parlament soll awer elo ofgestëmmt hunn dëst och praktesch an d'Weeër ze leeden.

Norwegen geet dovun aus, dass esou CO2 aus Europa fir bis zu 400 Joer gespäichert ka ginn. Dat Ganzt géif d’Betriber natierlech kaschten. Fir déi Zort vun CO2-Management rentabel ze maachen, missten CO2-Emissiounen an d’Loft besteiert ginn.