Tëscht e Samschden den Owend an e Sonndeg de Moie kruten zwee Chaufferen hire Führerschäi ofgeholl.

E Samschden Owend géint 18:30 ass der Police en accidentéiere Won zu Biissen gemellt ginn. De Chauffeur soll op enger Kräizung d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer hunn, an du géint e Bam gefuer sinn. D’Beamten hunn op der Plaz festgestallt, dass de Mann ze vill gedronk hat. De Mann krut säi Führerschäin ofgeholl an et gouf ee Protokoll.

Zu Fréiseng gouf géint 01:00 dann e weidere Führerschäin, och wéinst Fueren ënnert Alkoholafloss agezunn.