Moskau schafft schonn drun, Éisträich denkt un Alternativen: Eng Tracking-App soll iwwerpréiwen op d’Leit och wierklech doheembleiwen.

Mat enger Handy-App an engem QR-Code, esou d’Noriichtenagence AFP, soll a Russland iwwerpréift ginn, ob d’Leit sech un d’Oploe vun der Regierung halen. Och zu Moskau dierfen d’Leit just aus dem Haus fir akafen ze goen oder fir mam Hond spadséieren ze goen. Moskauer, déi aus dem Haus goe wëllen, missten deemno all Kéiers e QR Code ufroen, deen da bei der Police-Kontrolle ugewise gëtt.

Och Éisträich wëll dee System wuel asetzen. Fir Persounen déi kee Smartphone besëtzen, soll un engem Porte-Clé geschafft ginn.