Ee Bëschbrand bei Tschernobyl huet d'Radioaktivitéitswäerter héichgedriwwen.

An der Spärzon ronderëm dat fréiert ukrainescht Atomkraaftwierk Tschernobyl ass no engem Bëschbrand erhéichte Radioaktivitéit gemooss ginn.

Am Zentrum vum Brand wier dem Leeder vum staatlechen Ëmweltdéngscht no d’Stralung iwwerduerchschnëttlech héich. Hien huet ee Video verëffentlecht, an deem op engem Gerät dat 16-facht vum Normalwäert ugewise gëtt.

Gebrannt hat et e Sonndeg. D’Feier ass antëscht ënner Kontroll.

Nom Reakterongléck viru 34 Joer war am Radius vun 30 Kilometer eng Spärzon ronderëm dat fréiert Atomkraaftwierk erriicht ginn.

De Reakterblock 4 vum sowjeteschen Atomkraaftwierk war de 26. Abrëll 1986 bei engem Sécherheetstest explodéiert.

De GAU, honnert Kilometer nërdlech vu Kiew, war dat schwéierst Atomaccident an der Geschicht. D'Ëmgéigend vum AKW ass bis haut staark verstraalt.