Weider soen 80% vun de Residenten, datt d'Wielen zur Integratioun gehéiert. Dogéint sinn et 60% déi der Meenung sinn, datt d'Nationalitéit dozou gehéiert.

Wa se kéinte wiele géife 74% vun de Befrote weider hei zu Lëtzebuerg wunnen. Dat geet aus enger rezenter TNS-Ilres-Ëmfro zesumme mat der Organisatioun ASTI ervir. 85% vun de Leit, déi am Ausland gebuer sinn, géifen dann och nach eng Kéier decidéieren, fir zu Lëtzebuerg ze liewen. Am Ganzen hunn 1.119 Residente matgemaach, dat iwwer Telefon an och iwwert eng Online-Ëmfro.

D'Ëmfro mam Titel "vivre ensemble – typesch Lëtzebuerg" hat sech d'Zil gesat ze ënnersichen, wisou d'Leit gären hei wunnen. Esou ass ee vun den Haaptgrënn d'Liewensqualitéit, d'Sécherheet an déi héich Pai. Dobäi kënnt, datt 79% der Meenung sinn, datt Lëtzebuerger wéi Auslänner gutt zesumme liewen, ma 64% denken awer och, datt béid Säiten "nieft eneen" liewe géifen.

Weider soen 80% vun de Residenten, datt d'Wielen zur Integratioun gehéiert. Dogéint sinn et 60% déi der Meenung sinn, datt d'Nationalitéit dozou gehéiert. Ënnerscheeder ginn et an der Bewäertung vun der Lëtzebuerger Sprooch. Fir d'Lëtzebuerger ass d'Schwätze vum Lëtzebuergeschen en Zeeche vun Integratioun (91%), bei den Auslänner ass dëse Prozentsaz e bësse méi niddreg (72%). Fir si ass et méi wichteg, eng vun den 3 Landessproochen ze kënnen.