Ass d'Carte d'Identité nom 1. Mäerz ofgelaf, bleift dës wärend dem Noutstand valabel. Ass dee bis eriwwer, huet een 3 Méint Zäit, eng nei unzefroen.

Wéi déi zoustänneg Ministèrë matgedeelt hunn, bleift jidderengem seng Carte d'Identité, déi nom 1. Mäerz ofgelaf ass, weider valabel. Dat nämmlecht gëllt fir Persounen, déi geplënnert sinn, an eigentlech eng nei Kaart missten ufroen.

Heescht: Ass d'Kaart ofgelaf, bleift se wärend dem Noutstand trotzdeem valabel. D'Gültegkeet ass bis op 3 Méint nom Enn vum Noutstand verlängert ginn. Wéi et heescht wëll een de Gemengen esou genuch Zäit araumen, hir Aktivitéiten no der Kris nees opzehuelen ouni mat ze villen Demanden iwwerfuerdert ze ginn.

Wien awer no der Kris an d'Ausland muss, soll seng Pabeieren nom Enn vum Etat de crise esou séier wéi méiglech erneieren. Dat geet via Guichet.lu.