D'Corona-Aschränkunge kënne fir vill Leit belaaschtend sinn a sech op déi mental Gesondheet auswierken. En neien Internetsite soll hëllefen.

Wéi d'Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale a.s.b.l. en Dënschdeg matgedeelt huet, gëtt et vun elo un nieft der offizieller Regierungssäit e weideren Online-Site am Kader vum Corona-Virus. Zesumme mat der Santé an anere Partner aus dem psycho-soziale Secteur huet een de Site covid19-psy.lu an d'Liewe geruff.

Hei ginn Informatiounen iwwert déi mental Gesondheet wärend der sanitäre Kris zur Verfügung gestallt. Esou fënnt een och méi einfach Recommandatiounen, Äntwerten op déi heefegst gestallte Froen an d'Kontakter vu verschidden Ulafplazen.

Fir vill Persoune stellt d'Kris eng psychologesch Belaaschtung duer. Zil ass et déi Leit z'ënnerstëtzen, déi sech de Moment mat der ganzer Situatioun iwwerfuerdert fillen an esou eng effikass Hëllef ze garantéieren.

© La Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale a.s.b.l.