Op engem Parking an der Rue de la Briquetterie zu Beetebuerg goufen e Méindeg géint 22 Auer zwee jonk Männer an hirem Auto vun 4 aner Männer ugegraff.

Fir d'éischt ass ee vun den Ugräifer bei d'Bäifuerersäit gaangen an huet virginn, no enger Zigarette ze froen. Dee Moment sinn d'Dieren hannen opgerappt ginn an zwee Onbekannter hu sech an den Auto gesat. Si hunn all d'Wäertgéigestänn gefuerdert.

Wärend deem ass de Chauffer mat engem Messer menacéiert ginn an de Bäifuerer gouf vun hanne gewiergt. Zäitgläich si béid och vir vun zwee Ugräifer menacéiert ginn. Nodeems d'Täter Suen, zwee Handyen, eng Auer a Kleeder kritt hunn, sinn si a Richtung Park Jacquinot geflücht. D'Police huet Ermëttlungen ageleet an en Zeienopriff lancéiert.

Déi 4 Männer sinn ëm déi 20 Joer al:

  • däischter Hautfaarf, schlank Statur, hat en donkele Pullover mat Kaputz a wäisser Schrëft un,
  • däischter Hautfaarf, schlank Statur, 1 Meter 90 grouss, hat e groe Pullover mat Kaputz, eng wäiss Posch an e Rucksak un,
  • donkel Hautfaarf, schlank Statur, 1 Meter 80 grouss, Dreadlocks, hat en donkelbloe Pullover mat wäisser Schrëft un,
  • wäiss Hautfaarf, korpulent Statur, hat e schwaarze Pullover un.

Wien nëtzlech Indicen huet, soll sech bei der Police vun Diddeleng mellen. D'Nummer ass den 244691000.