Iwwerduerchschnëttlech ass och d'Proportioun vun auslännesche Prisonéier.

Wéi den Europarot schreift, war Enn 2019 d'Zuel vun de Prisonéier zu Lëtzebuerg mat 108 Inhaftéierte pro 100'000 Awunner liicht méi héich, wéi den Europäeschen Duerchschnëtt. Do sinn et der 106 pro 100'000 Awunner. Russland huet iwwerdeems deen héchsten Taux mat 386 Prisonéier, Island deen nidderegste mat 40. Iwwerdeems läit Lëtzebuerg mat 74,4% op der 1. Plaz wat d'Proportioun vun auslännesche Prisonéier ugeet, dat knapp virun der Schwäiz. Zesumme mat 6 anere Länner ass zu Lëtzebuerg och 2018 kee Suicide gemellt ginn. D'Europäesch Moyenne läit bei 5,7 pro 10'000 Prisonéier.