Vum 4. Mee u wäert d'Luxair viraussiichtlech erëm fléien. Vum 16. Mee un dierften dann och d'LuxairTours-Operatiounen erëm lass goen.

Wéi d'Luxair op der eegener Internetsäit schreift wäert d'Suspensioun vun de Flich nach bis den 3. Mee mat verlängert ginn. Wéi et heescht wéilt ee vum 4. Mee un erëm fléien.Wat d'Vakanze mat LuxairTours ugeet, déi gi bis de 15. Mee nach mat op Äis geluecht. Wéi et weider heescht, hätt een iwwer déi leschten Deeg all d'Energie a Ressourcen agesat fir dausende Clienten aus Europa an Afrika erëm heemzebréngen.