Urgencen a Revisioune kënnen d'Garage weider maachen. Ma se funktionéieren de Moment nëmme mat reduzéiertem Service.

Nodeems eng intern Kommunikatioun zum Fonctionnement vun de Garagen zu Lëtzebuerg an der Ëffentlechkeet opgetaucht ass schreift Federatioun vun den Automobilsdistributeuren, dass dës zu falschen Interpretatioune gefouert hätt. Deemno géifen d'Garagen hir Aktivitéiten net erëm normal ophuelen.

Vill Garage wieren de Moment komplett zou, anerer hätten hire Service reduzéiert. Wéinst de Moossnamen an de Sécherheets- an Hygiènesvirschrëfte wier et och net méiglech eng grouss Zuel vu Clienten ze bedéngen. Vill Employéë géifen iwwerdeems vun doheem aus schaffen oder wieren am Chômage partiel.

Et freet een d'Clienten an deem Sënn d'Mesuren ze respektéieren an sech esou mann wéi méiglech ze deplacéieren.