Den Donneschdeg war eng 51 Joer al Joggerin vun enger landwirtschaftlecher Maschinn erfaasst an déidlech blesséiert ginn.

Kuerz viru 15.00 Auer koum et den Donneschdeg tëscht Dol an Nacher zu engem déidlechen Accident. Aus bis ewell ongekläerte Grënn war do eng Joggerin vun engem Trakter erfaasst ginn. Déi 51 Joer al Fra ass nach op der Plaz gestuerwen.

D'Streck gouf dann och fir de Verkéier gespaart. D'Spuresécherung ass mat der Enquête chargéiert ginn an déi landwirtschaftlech Maschinn gouf confisquéiert.