U sech waren d'Beamten ënnerwee fir ze kontrolléieren ob sech un d'Mesuren am Kampf géint de Coronavirus gehale gëtt.

Bei enger Policepatrull war de Beamten de Mëttwoch eng Persoun an der Géigend vum Péitrussdall opgefall, déi Droge bei sech hat. Dobäi goufe 86 Gramm Marihuana séchergestallt. Och bei der Persoun doheem gouf nach eng kleng Quantitéit un Droge fonnt.

An deem Zesummenhang gouf dunn nach eng zweet Perquisitioun bei enger anerer Persoun gemaach, hei goufen nach emol 415 Gramm Marihuana, 260 Gramm Haschisch an eng gréisser Zomm Boergeld fonnt. Géint béid Verdächteg gouf eng Plainte gemaach.