A Litauen gëllt zënter dësem Freideg eng Schutzmaskeflicht, fir d'Ausbreedung vum Virus anzedämmen.

All d'Bierger mussen an der Ëffentlechkeet Mond an Nues bedecken. Selwer gebitzte Masken oder e Schutz aus engem Schal oder engem Duch sinn och erlaabt. Bei Verstéiss kann ee mat enger Geldstrof vu bis zu 1.500 Euro rechnen. Bei Entreprisë si bis zu 6.000 Euro virgesinn. Litauen zielt bis ewell 1.000 Corona-Infektiounen. D'Regierung huet d'ganz Land bis de 27. Abrëll ënner Quarantän gesat. Iwwer d'Ouschterdeeg gëllt e Reesverbuet.