En Donneschdeg de Moien huet d'Verkéierspolice eng Routineskontroll op der A13 Richtung Esch op der Héicht vum Éilerenger Tunnel gemaach.

Wéi d'Police schreift, waren am Ganzen 21 Mol d'Chauffere vill ze séier am Tunnel selwer ënnerwee. Ee Chauffer krut nach op der Plaz de Führerschäin ewechgeholl. Donieft goufen eng Rei weider Verstéiss gezielt, well d'Pabeieren net an der Rei waren, de Gurt net ugeluecht war oder well wärend dem Fueren telefonéiert ginn ass. Och goufe Verstéiss géint d'Covid-19-Mesurë gezielt, déi zënter dem 18. Mäerz a Kraaft sinn.