No de rezenten Diskussiounen, datt verschidde Butteker kee Boergeld méi unhuelen, hunn de Finanzministère an de Ministère vum Konsumenteschutz reagéiert.

Et ass den Appell u jiddereen, déi jeeweileg Situatioun beim Bezuele vu béide Säite mam néidege Respekt a gudde Wëllen grad wéi gesondem Mënscheverstand ze behandelen. Och wann näischt drop hiweist, datt de Coronavirus sech verstäerkt iwwert d'Suen ausbreede kann, géif een awer verstoen, datt d'Butteker dës Aart a Weis vu Bezuelen op e Minimum reduzéiere géife fir de soziale Kontakt ze limitéieren.

Well et awer och Leit ginn, déi keng Kaart hunn, wëll een d'Benotze vu Boergeld op kee Fall a Fro stellen, esou d'Autoritéiten. Ma et ass awer och den Opruff esou gutt et geet mat der Kaart ze bezuelen, esou béid Ministèrë weider. Ass et awer net méiglech, soll een och hei Nosicht hunn oder aner Bezuelmethoden ubidden.