Bannent de leschten 2 Deeg sinn 8 Persounen um Virus gestuerwen. Dofir huet d'Gesondheetsministesch nach emol dozou opgeruff sech un d'Mesuren ze halen.

Och wann d'Zuel vun den Neiinfektiounen op en Neits erof gaangen ass, si mir nach net doduerch, dat sot d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert de Freideg den Owend. Et kéint een nach net sécher sinn, dass de Gesondheetssystem d'Kris och packt. Dofir wier et och wichteg, sech weider un d'Aschränkungen ze halen, och wann um verlängerte Weekend gutt Wieder wier.

Weider huet d'Ministesch betount, dass et wichteg wier, fir op sech opzepassen, dat onofhängeg vum Coronavirus. D'Urgencë wiere weider op a se géife funktionéieren. Hätt een also eng gesondheetlech Urgence, da sollt een net fäerte, fir domat  an d'Clinique ze goen. Dat selwecht och fir aner gesondheetlech Problemer, hei wiere jo och d'Dokteren nach disponibel.

Iwwer d'Exit-Strategie wollt d'Ministesch iwwerdeems net vill soen, déi gëtt d'nächst Woch vum Premier Xavier Bettel presentéiert. Op all Fall géif dat schrëttweis geschéien an et géif och sécher net séier goen.