Am Joer stierwen op der Welt ronn 1,2 Milliounen Leit un de Suitte vun engem Autosaccident. Dat ass zweemol d'Populatioun vu Lëtzebuerg.

D'Geforen op der Strooss erkennen ass fir déi jonk Leit net ëmmer sou einfach. De Young Drivers Day, den 03. Juli zu Kolma-Bierg, cibléiert Jugendlecher am Alter tëscht 18 a 24 Joer. Et wëll een ënnert anerem weisen wéi et ass wann een Alkohol gedronk huet. Wéi sech ee muss verhalen wann een un d'Schleideren kënnt.

Dernieft kritt ee gewisen, wéi een e Pneu funktionéiert . An et kritt een e Bremsen-Check gemaach.

Nieft enger gudder Portioun Theorie kritt ee natierlech och praktesch Erfahrung.
D'Aschreiwungen lafen, an déi kann een um Site vun de Young Drivers Day maachen.