Direkt aus der Wildnis oder goufe se am Zoo gebuer? Firwat kommen se iwwerhaapt an den Zoo?

Fir un d'Déieren ze kommen ginn et iwwert eng speziell Bourse, wou Zooen sech d'Déieren géigesäiteg ausléinen, 2 Weeër.

Engersäits kann een op der Bourse d'Déieren kucke goen an op der Plaz sech fir eent entscheeden oder awer eng Lëscht mat de gewëschten Déieren un d'Bourse schécken. Natierlech mussen hei och fir all Déier eenzel Konditiounen erfëllt ginn. D'Déier kascht awer näischt dat eenzeg wat en Zoo muss bezuelen sinn d'administrativ Käschten.

D'Déieren kommen aus der ganzer Welt. De Sënn heivunner ass et virun allem ze verhënneren dat verschidden Aarten ausstierwen. Och an den Hierkonftslänner investéieren d'Zooen an divers Projeten déi d'Conservatioun vun den Déieren ënnerstëtzen. Donieft brauch een d'Déieren och fir neit Blutt an eng Zort oder einfach eng ganz nei Déierenaart an den Zoo anzeféieren.

Grouss Déieren wéi Elefanten, Léiwen a Giraffen ginn et am Parc Merveilleux aus Sécherheetsgrënn keng.

Donieft setzen sech de Parc Merveilleux an aner Zooen awer och fir d'Conservatioun vun Déieren déi virum ausstierwe bedreet sinn an. Notamment ass een am EEP (European Endangered Species Program), et ënnerstëtzt een d’Projeten CEPA (Conservartion des espèces et des populations animales), "Stiftung Artenschutz" an "Amphibia Alarm". Verschidden Déieren ginn dann nodeems se am Zoo versuergt goufen an hiren natierlechen Habitat zréck geschéckt.

D'Majoritéit vun den Déieren aus dem Beetebuerger Zoo sinn "captive born" , dat heescht si goufen am Zoo gebuer an hunn och hiert ganzt Liewe do verbruecht.

Lauschtert hei de ganze Reportage mam Dr. Guy Willems, Veterinaire am Parc Merveilleux zu Beetebuerg: