Wéi et aus dem Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère heescht, géif am Moment vill dru geschafft ginn, fir d'Sécherheet op eise Stroossen ze evaluéieren.

Zënter deem d’Joer un ass, ass läit d’Zuel vun de Verkéiersdoudegen bei 9. Virun allem d’Streck Aangelsbierg-Miersch ass besonnesch geféierlech.. an mol net 2 Méint waren hei alleng 2 déidlech Accidenter geschitt… Elo soll e vaste Leitplanken-Programm vum zoustännege Ministère eis Stroossen méi sécher maachen, an och do , wou sou e Programm gebraucht gëtt.

En Grupp de Travail „Stroossesécherheet“, deen ënnert der Presidence vun de Ponts et Chaussées leeft, gouf extra fir dëse Projet en Place gesat. Hei sinn dann Leit wéi d’Police, d’Sécurité Routière oder den ACL dran a sollen d’Sécherheet op eise Stroossen eropsetzen.

Eng Frontalkollisioun mat engem Bam, dat bei nëmmen 65 km/h kann schonn déidlech sinn. Mat 70 frontal an e Bam kënnt engem Opschloen op de Buedem gläich, dat aus dem 7 Stack vun engem Gebai. An hei gëtt et eben elo e Vaste Programm wou op geféierleche Plazen Glissièren opgebaut ginn.

Wou schonn en Deel vun dësem Programm ëmgesat gouf, ass déi déidlech Plaz zu Miersch wou virun e puer Wochen gehandelt gouf.

Wéi gesot, et ass e permanenten Prozess, bei deem no a no Leitplanken bäikommen, Stroossen begradegt an Beem ewechgeholl wäerte ginn.

Lauschtert hei de kompletten Reportage mam Danièlle Frank aus dem Nohaltegkeetsministère: