Haut um Freideg fänkt d'Europameeschterschaft 2016 a Frankräich un. Den Owend virdru gouf scho mol richteg Party gemaach.

Een Dag virun éischte Match tëscht Frankräich a Rumänien huet de franséische Star-DJ David Guetta d'Fanmeil virum Eiffeltuerm mat ronn 83000 Leit agelaut!

"Et ass immens fir hei ze sinn an d'Leit ze gesinn! Ech hoffen, dass Frankräich Europameeschter gëtt", huet den DJ de Fans virum Concert matgedeelt.

De Fernsehsender TF1 hat am Virfeld Grtaistickete verdeelt, fir kënne bei deem Event dobäi ze sinn. Nieft dem Guetta, dee jo fir den offiziellen EM-Song "This One's For You" zoustänneg ass, gouf ënnert anerem  vum US-Rapper will.i.am ënnerstëtzt.
Lauschtert hei de Reportage: