Am Bunyadi zu London ass manner, méi - opmannst emol wat d'Kleedung betrëfft!

A punkto ausgefale Restauranten a Bars, huet London jo sou Munches ze bidden. No der Cocktail Sauna an dem Cat Café, gëtt et säit dësem Weekend nees eng nei Attraktioun hei an der britescher Haaptstad iwwert déi nees all Mënsch schwätzt. De Restaurant mam Numm Bunyadi kritt nämlech am Moment hei vill Opmierksamkeet an dat net wéinst deem wat op den Teller kennt, mee éischter wéinst sengem Dress Code. Hei ginn nämlech nëmme Clienten zerwéiert, déi komplett plakeg sinn.

Lauschtert hei de Reportage:

De Motto vum Restaurant ass “back to basics” also zeréck un den Ufank. Still an Dëscher ginn et hei net. Iesse maachen d’Gäscht um Buede vu klengen Hütten déi just mat Käerze beliicht sinn. D’Iesse selwer gëtt da virun hinnen op enger Steenplak preparéiert a souwuel d’Personal wéi och d’Visiteure sinn dobäi komplett plakeg. Fotoen däerf een dobanne selbstverständlech keng maachen an Handyen si generell streng verbueden.

Ier ee komplett blank zéie muss, huet een d’Méiglechkeet sech am Barberäich just mat enger Robe de Chambre bekleet ze aklimatiséieren, ier een dann a seng Hütt gefouert gëtt. D’ Briten, déi jo éischter méi zréckhalend sinn, si vun dësem Konzept net onbedéngt iwwerzeegt mee souwuel bei den Hipster am Oste vu London wéi och bei den Touriste kennt dësen aussergewéinleche Restaurant gutt un.

Ween sech dann op dës Aventure aloosse wëll dee kann sech op e Menü mat Koriander Steak Tartare a Saumon mat Alge vir ronn 70 Euro pro Persoun freeën.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter