Besonnesch während der Futtball-EM, fält et ville Futtball-Fans Moies e bëssi méi schwéier op ze kommen. Mir hëllefen.

Mir hunn e puer Tipps fir di schwéier Zäit während der EM!
Mat dësen Tricke kommt dir Moies garantéiert besser op!

  • Stellt Iech de Wecker op di komplett aner Säit vum Zëmmer. Wann den Handy als Wecker fungéiert, wéi bei deene meeschten, ass d‘Snooze Funktioun dann net méi sou einfach ze notzen. Also: ëmmer schéin wäit ewech plazéieren de Wecker.

  • Reduzéiert de Kaffikonsum ab 17h. Enger Etude no ka sech de Konsum vun enger Taass Kaffi, 6 Stonne virum Schlofe-goe, negativ op de Schlof auswierke.

  • Lafe, liesen a lecker Kaffi drénke. Esou start een an den Dag. Wien just duscht an sech dann op d’Aarbecht schleeft, start manner motivéiert wéi een, dee kuerz e bëssi Sport mëscht, vläit nach kuerz am Netz d’Aktualitéit "duerchsurft" an dann eppes ësst.

  • Interessant och: et sollt een eng hallef Stonn virum Schlofe goe KENG Tele kucken. Éischter relax Musek oder Radio lauschteren. Schlof-Etuden no stéiert de Fernseh d’Aschlofen. Musek ënnerstëtzt a berouegt dogéint.

  • Klengt komesch mä: stellt Iech e Wecker fir schlofen ze goen. Wien owes fréi genuch an d’Bett geet, deem fält och d’Opstoe méi liicht.