D´Lisa studéiert zu Berlin. All zwou Wochen erzielt hatt eis, wat hat an der Grouss Stad esou erlieft. Zesumme kenne mir mat him d´City Hotspots entdecken.

Streetfood muss net ëmmer Fast-Food sin, dat hu sech och zwee Studente geduecht. De Pit an de Sebastian vu Réger Burger maache säit kuerzem Berlin mat hirem Foodtruck onsécher. Net ouni Succès! Wat net op den éischte Bléck no engem vegane Burger ausgesäit, schéngt ville Léit ze schmaachen. Iwwerraschungseffekt garantéiert!

Den Ament sinn si virun allem op Sportsevenementer, Concerten a Festivaler ze fannen, mä och op Berliner Mäert kann ee si treffen. D’Iddi aus doraus entstanen, planzlecht Iessen aus der Regioun op eng originell Aart a Weis un de Mann ze bréngen a natierlech och fir nieft Fast Food & Co. e bësse méi ee gesonde Choix unzebidden. Duerch Crowdfunding Finanzéierung konnten d'Jongen sech en eegenen Truck kafen. Wat fir si e gudde Burger ausmécht, kënnt dir hei am Audio-Beitrag lauschteren:

© Christoph Henschel