D'Berliner Band Beatsteaks ass eng richteg Festivalband. Si hunn hire Fans an engem Video elo e puer Tipps mat op de Wee an d'Festivalsaison ginn.

De Lead-Gittarist vun der däitscher Band Beatsteaks, de Bernd Kurtzke fënnt dat et sech um Camping net gehéiert dem Noper am d’Zelt ze kacken. Doru mierkt ee schonn, dat hir Tipps absolut guer net eescht gemengt sinn. Ma wat een awer scho behäerzege kann, ass e bësse Mondhygiène. Wëll op engem Festival ënnert d’Dusch sprangen, lount sech net, seet de Bassist, den Torsten Scholz.

Déi richteg Virbereedung, déi ee brauch fir de Festival och komplett kennen ze genéissen, soll, wéi si soen, awer scho Méint virdrun ufänken. Wann déi 2 am Zelt niewendrun Spaass hunn an et ass ee selwer eleng, mëscht engem dat dann och näischt méi aus.