Vill Leit decidéiere ganz kuerzfristeg wou si an d'Vakanz wëlle goe. Wou sinn elo di bëllegst Plaze fir am Summer fort?

Destinatioune wéi Tierkei, oder Ägypten sinn de Moment zimlech bëlleg ze kréien. Wéinst de sëlleche Krisen a Konflikter an der Welt, sinn d’Präisser hei drastesch gefall. Weem dat allerdéngs ze brenzeleg ass, fir dee bitt Mallorca gutt Offeren. D’Baleareninsel lackelt dëst Joer mat verschidde Regiounen di besonnesch gënschteg ze kréie sinn.

© piqs.de

Vakanz um spuenesche Festland, Ibiza, Menorca oder Kroatien gëtt dëst Joer last minute allerdéngs méi deier. Aus Sécherheetsbedenke maache vill Leit dëst Joer hier Summervakanz léiwer an Länner mat méi stabiller Sécherheetslag. Di ganz iberesch Hallefinsel profitéiert dëst Joer vum Tourismus. Sou ginn et dëst Joer gutt 40 % méi Reservatioune fir Spunien. D’Last Minute Präisser sinn dowéinst hei och ëm iwwer 40 % am Verglach zum leschte Joer geklommen.

© piqs.de

Méi bëlleg an och nach ze kréie sinn d’Kanaren. Si gëlle souguer als klenge Geheimtipp fir dëse Summer, well vill Leit hei éischter an de Wanter oder Fréijoersméint Vakanz maachen, an esou d’Kanare fir de Summer net op der Rechnung hunn. Och hei sinn nach Plaze fräi. All ze laang sollt een awer net méi waarden.