Kann Kaffi de Risiko vu Kriibs héijen?! Jo, seet eng WHO-Etude, mä just wann een ës op eng bestëmme Manéier drénkt...

Dat wichtegst vläit direkt emol virop : Nee, dir musst elo net an Zukunft op är Kaffistas verzichten.

Op d’mannst emol net dann, wann der en net iwwer-gliddeg drénkt.

Ze waarm ass nämlech net gutt fir ären Ösophagus, also är 'Speiseröhre', déi op Héicht vun der Strass ufänkt, an erof bis an de Mo geet.

Zu deem Schluss ass eng Etude vun der WHO komm, der Weltgesondheetsorganisatioun vun der UNO also, déi an de läschten Joren a verschiddene Länner suivéiert huet wéi sech waarmt Gedrénks op de Kierper vum Mënsch auswierkt.

Virun allem Leit aus China, dem Iran, der Tierkei oder aus Südamerika goufen kontrolléiert, well do traditionell Téi, Kaffi oder Mate ganz waarm, bei gutt 70 Grad gedronk gëtt.

Mam Resultat dass Gedrénks bei där Temperatur de Kriibs-Risiko vun der Guergel héicht.

Normale Kaffi oder Théi, wéi mir en hei an Europa gréisstendeels drénken, gëtt meeschtens ënner 60 Grad gedronk, an wier op där Temperaturen net geféierlech… Uff,.., soen lo vill Leit, an derbäi kënnt nach eng gutt Noriicht, nämlech dass op Grond vun de Resultater vun der WHO-Etude, d'Bewäertung vum Kaffi als ‘méiglecherweis kriibs-erregend‘, déi et zanter 1991 gouf, vun der internationaler Kriibsfuerschungs-Agentur zeréck-gezu gouf.

Der Uni vu Braunschweig no ka Kaffi d’Häerz souguer schützen.

Wann der also e wëssenschaftleche Grond gebraucht hutt fir kee schlecht Gewëssen méi ze hunn wann der d’Taass usetzt – do wier en. Natierlech awer wéi bei sou villem – alles a Moossen.