Wee gäeren den ultimativen Zockerkick hätt, dee muss e Freak Shake op London drenke kommen.

A punkto Séissegkeeten dierf et vir d’Londoner jo gären och emol e bësse méi dekadent sinn. No dem Deep Fried Crème Egg Burger a Kreatiounen ewéi dem Cronut oder Duffin huet déi britesch Haaptstad elo nees eng nei Lieblingsséissegkeet. Déi sougenannte Freak Shakes suergen am Moment dofir, dass der Natioun hier Zockerwäerter och de Summer iwwer net an de Keller falen. Mee wat ass dat dann elo genee?

Lauschtert hei de Reportage:

Wéi den Numm et schonn undeit, ass e Freak Shake eng ganz speziell Zort Milkshake. Dobäi kritt een net nëmmen e Mëllechglas voller Milkshake, mee dat Ganzt gëtt dann nach mat Zosen, Brownien, Kichelcher, Schlagsahn, Meringue an anere Séissegkeete bedeckt. Et geet drëms, dass de Milkshake esou voll ewéi méiglech ass, an ausgesäit, wéi wa grad alles aus dem Mëllechglas explodéiert wier. Et ass quasi net méiglech dat Ganzt ze iessen oder drénken, ouni sech ze begladderen. Anerersäits ass e Milkshake mat iwwert 1000 Kalorië jo och schonn netméi ganz esou eescht ze huelen.

Haaptsächlech am Oste vu London kritt een dann am Moment Freak Shakes an déi beléiteste Goûte si Schockela, Hambier, Peanut Butter a Karamell. Een esou a Freak Shake kascht da ronn 10 Euro.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter