Alice-Munro-Ierwin oder Zeenaristin fir d’Lindenstraße? D’Linda Graf dierft weder dat eent nach dat anert sinn. Fakt ass: Hiren Erzielband polariséiert.

D’Edith ass spatz op de schmocke Renato, deem seng Fra Irene duerch e Motosaccident hirt Liewe verléiert. Hir Mamm Colette war emol befrënnt mat der Mamm vum Lisa, dat sengersäits dem Renato kollegial verbonnen ass, deen eppes vum Lynn wëll, deem säi Kolleg sech ëmbruecht huet. Esou wäit alles kloer? Gutt, well dat ware beileiwen net all d’Personnagen, déi am Linda Graf hiren aacht matenee vernetzten Erzielungen an „Die Tage, die Dinge“ Bezéiungskarussell fueren.

Séilen huet e Buch d’Lëtzebuerger Kritik däraarteg gespléckt: Während deen een es séier genuch hat vun de „märchenhaft öden Verstrickungen“, kënnt deen aneren aus dem Schwärmen iwwert e „geschickt gesponnene[s] Beziehungsgeflecht“ net méi eraus. Ech maache mer et fir déi Kéier einfach, a soe mer: Wou zwee sech net eens sinn, féiert deen drëtten en Interview.

Booklooker:  Linda, du hues den Alldag als literaresche Sujet fir dech entdeckt an erziels ganz no um Erliewen vun denge Figuren. Wat huet dech doru gereizt, bei hinnen op der Schëller ze sëtzen?

Linda Graf: Wéi ech kleng war, hunn ech mir ëmmer gewënscht, ech wär duerchsichteg an ech kéint an d’Haiser eragoen an de Leit nolauschteren. Ech hu wierklech ëmmer geduecht, mir si jo an eisem eegene Kapp, wat denken déi aner? Ech fannen d’Schreiwen, dat huet e bësschen eng voyeuristesch Tendenz. Bei mir ass net vill Erfonntenes, ech ginn ëmmer vu Saachen aus, déi anerer erlieft hunn, déi ech erlieft hunn. Do ass och eng Koppel an enger vun de Kuerzgeschichten an ech hoffe just, datt déi sech net erëm erkennen.

Booklooker: Well déi net esou virdeelhaft representéiert ginn?

Linda Graf: Jo, do geet et éischter em déi düster Säit vun de Mënschen.

Booklooker: Gëtt et fir dech dann eng Figur, déi alles zesummenhält? Den Enseignant Renato ass mol een, deem s du an dengem Buch vill Raum gëss - a vill Fraen.

Linda Graf: Oh, de Renato ass jo e schéine Mann, an hien ass verbonne mat ville Personnagen. Seng Fra kënnt em d’Liewen, an der Fra hir Frëndin, d’Lisa, dat ass och eng bescht Frëndin vun him. Dat war am Fong elo net geplangt vu mir, mee hien huet sech iwwerall essou erageschlach, dee Renato.

Booklooker: Wou s de  grad vum Plange schwätz: Has du e Gesamtkonzept fir deng Geschichten oder einfach mat enger ugefaange an déi aner dann ronderëm entwéckelt?

Linda Graf: Jo, ech hunn am Fong all Geschicht fir sech geschriwwen an op eemol hunn ech awer geduecht, du kanns grad esou gutt all déi Personnagen ënnertenee vernetzen. D’Leit si jo och ënnertenee vernetzt. Heiansdo kënnt een nëmmen neelech zesummen an dann duerch d’Ëmstänn, doduerch, datt een deen anere kennt, ebemol kënnt esou eng Synchronizitéit. Et ass méi wéi en Zoufall, méi wéi eng Koinzidenz. Et ass esou, wann alleguerten d’Fiedem zesummekommen an da kënnt net d’Erleuchtung, mee zum Schluss esou de Kick: Ah, hei elo ass et richteg, elo passt et, elo begéinen sech déi Richteg.

Booklooker: Um Klimax vum Paul Thomas Anderson sengem Film „Magnolia“ lafen déi individuell Schicksalsfiedem vun de Charakteren zesummen. Gëtt et Auteuren aus der Welt vum Kino oder där vun der Literatur, déi dech inspiréiert hunn?

Linda Graf: Also am Film de Wim Wenders. Seng skurril Personnagen, déi hunn ech schrecklech gären. An an der Literatur ass et d’Alice Munro. Laang ier hatt bekannt war. Et huet jo vill Bicher mat Kuerzgeschichte geschriwwen an déi liesen ech all zwee dräi Joer nees. Ech ginn déi einfach net midd. An hatt schreift och einfach esou aus dem Liewen eraus.

Booklooker: Du liefs elo an engem vun der Finanzkris gerëselte klengem Duerf a Griicheland. Kanns du dir virstellen däin nächst Wierk bei den Hellene spillen ze loossen?

Linda Graf: Ech schreiwe ganz vill fir d’Griichen iwwert Griicheland an Zeitungen zu Athen, mee ech géif awer och gären e Roman schreiwen iwwert d’Liewen dohannen, well et ginn eng Multitude vu Geschichten, ganz witzeger a ganz ureger. Den Titel hunn ech schonn, mee ech hunn d’Buch nach net geschriwwen. An den Titel ass „Einsteiger“, well ech gesi mech guer net als Aussteiger, éischter als Einsteiger an eng aner Gesellschaft.