Nach 2 Deeg heescht et Gedold hunn an da kënnt endlech besser Wieder op Lëtzebuerg duer.

Laang Zäit ware mir mat Reen geplot, elo bitt sech endlech nees bessert Wieder un. Grad op Nationalfeierdag kréie mir, wéi et aktuell ausgesäit, bis 30 Grad!

An d'Woch starte mir um Méinden an Dënschden nach onbestänneg. Vun e Mëttwoch un ass Besserung en Vue. Et gëtt méi frëndlech, sonneg an virun allem dréchen. Um Donneschde kréie mir dann mat 30 Grad, dee beschten a wäermsten Dag vum Joer 2016!

Och de Freide gëtt nach frëndlech, och wann dann schonn nees den Donnerwieder-Risiko klëmmt.

© piqs.de

Leider war et dat dann awer och schonn. Et ass e kuerzen Optrëtt vum Summer, Enn der Woch gëtt dann schonn nees méi onbestänneg a leider och méi kill.