Virun allem déi wirtschaftlech Konsequenzen wiere relativ séier a massiv spierbar, dat op béide Säiten, also souwuel bei de Briten wéi och bei der EU.

Um 10 Auer Owes britescher Zäit, also bei eis géint 11 Auer wäerten an England d’Wahlbüroen zougoen. Am Laf vun der Nuecht wäerten dann schonn éischt virsiichteg Resultater erauskommen.

E Pronostic ofzeginn huet weiderhin wéineg wäert, well d’Ëmfroen an Virfeld dacks ënnerschiddlech ausgefall waren. Mol hunn déi fir e Brexit d’Nues fir, mol déi di dogéint sinn.

Kucke mer mol wat géif passéieren wann Groussbritannien sech fir e Brexit ausschwätze géif. D’Insel misst op alle Fall net direkt aus der EU austrieden, also net vun haut op muer, mee et gëtt no Artikel 50 vum EU-Vertrag als éischt emol op béide Säiten ausgehandelt wéi d’Eenzelheeten vum Austrëtt verlafen. Dat kann bis zu 2 Joer daueren, kann souguer nach verlängert ginn. Hei misst zum Beispill d’Fro vum EU-Bannemaart gekläert ginn.

Dësen kéint a wäert probéiert ginn fir Groussbritannien erhalen ze bleiwen. Als Méiglechkeet wier hei de Bäitrëtt an den europäesche Wirtschaftsraum virstellbar, sou wéi dat Norwegen mëscht. Och speziell Verhandlungen wieren denkbar, wéi d’Schwäiz dat zum Beispill gemaach huet. D’OECD rechent allerdéngs domatten, dass bis 2030 d’Wirtschaftsleeschtung vu Groussbritannien ëm gutt 5% fale wäert.

Och de Premier David Cameron huet souzesoen säin Schicksal besigelt. Sollt Groussbritannien erausgoen aus der EU, wäert och den Cameron net méi laang Premier bleiwen, well hien jo aktiv géint e Brexit ass.

Och de sougenannten Domino-Effekt kéint kloer an der EU antrieden, sou dass anerer dem englesche Beispill suivéieren kéinten.

Mee och d’EU selwer wäert massiv leiden, dat och haaptsächlech ekonomesch. Elleng Däitschland misst bis 2019 mat engem Export-Minus vun 6.8 Milliarden Euro rechnen.

Iwwregens wäerten et allerdéngs och Ännerungen oder besser gesot Reformen ginn, wann d’Britten an der EU bleiwen. De briteschen Premier David Cameron hat jo um EU-Sommet am Februar eng Partie Reformen ausgehandelt, sollt d’Land an der EU bleiwen. Dozou huet jo eng Begrenzung vun den Sozialleeschtungen fir EU-Auslänner gehéiert, awer och méi Rechter fir nationale Parlamenter oder eng Stäerkung vun der europäescher Kompetitivitéit.

Den Ausgang vum Referendum hunn elo op alle Fall d’Wieler aus Groussbritannien an der Hand. D’EU muss sech op alle Fall fir all Eventualitéiten astellen.