Mee wéi erkennt een e seriéise Service? Wéi kann een sech schützen? Mier hunn mam Giovanni di Felice, Responsabel vum Service Dépannage vum ACL geschwat.

Jidderee kennt et: dann ass een am Ausland an op emol gëtt den Auto de Geescht op an et huet een eng Panne. Wie virsuergt a beim ACL ugemellt ass, weess dat hie just muss uruffe fir de Problem ze mellen.

An Däitschland ass et déi lescht Jore bei dësem Servicer ëmmer nees zu Problemer komm. De Grond: Fake Ofschleefdéngschter déi am falschen Optrag vum ADAC op den Autobunne ronderëm geieren a nëmmen drop waarden da d'Leit eng Panne hunn.

D'Masch ass ëmmer déi selwecht: et kritt ee gesot dat den Ofschleefdéngscht vum Automobilsclub Bescheed gesot krut. An herno däerf een eng iwwerdeierte Reparatioun bezuelen.

2 Tipps ginn hei dacks duer fir ze wëssen op et sech ëm eng Ofzock oder e richtegen Déngscht handelt.

Profitéiert ee vum ACL-Depannage am Ausland triede nämlech op der Plaz keng Käschten op. Wien also vum Ofschleefdéngscht Sue gefrot gëtt, weess dat et sech hei ëm kee lizenséierte Service kann handelen.

Dat anert ass dat den ACL d'Handysnummer vum Client un den auslänneschen Depannage weidergëtt an dësen ebe virun der Arrivée Bescheed seet.

Wann also en Ofschleefdéngscht op enger Autobunn stoe bleift an iech säi Service ubitt oder seet dat en vum ACL Bescheed gesot krut am beschten den ACL kontaktéieren oder verifizéieren dat den Déngscht dem Client seng Telefonsnummer huet, soss ass d'Chance ofgezockt ze gi relativ héich.

Lauschtert hei de Reportage: