Wéi gëtt eigentlech ofgestëmmt?! Wat geschitt am Fall vun engem Brexit - dat a weider Froen iwwert e méigleche Brexit ginn et hei...

Wéi leeft de Referendum eigentlech of?!

Um Froebou, deen een kritt steet just eng Fro drop: Soll Groussbritannien e Member vun der Europäescher Unioun bleiwen?! Zwou Äntwert-Méiglechkeeten deemno, Jo oder Nee. D’Wahl-Lokaler si vu Moies 7h00 bis owes 23h00 op.

Wat soen dann déi läschten Sondagen?!

Et ass bis ewell e Kapp-u-Kapp-Rennen…  Keen vu béide Lager konnt sech bis ewell richteg ofsetzen… De 'Nee' läit awer am leschten WhatUK-Thinks-Sondage mat 51% knapps vir.

Hunn d’Britten eng Wahlpflicht?!

Nee hu se net, an dofir gëtt och schonn déi läscht Wochen iwwer Wahlkampf bedriwwen, fir d’Leit dozou ze beweegen, wiele ze goen. Bei deem klengen Ecart, deen de Vainqueur herno wuel dierft hunn, zielt all Stëmm.

Wat geschitt dann wann de Brexit wierklech antrëtt?!

Virop géif d’Regierung zu London mol zeréck trieden. Neiwahlen wieren d’Suite, well de Premier Cameron säi Verbleif op 10, Downing-Street un e Verbleif vun den UK an der EU gekoppelt huet. Derbäi kënnt dass Schottland e neie Referendum kéint ofhalen fir sech vu Groussbritannien lass ze koppelen.. D’Schotten wëllen nämlech majoritär an der EU bleiwen.

Wéi ass et mam wirtschaftleche Schued?!

Deen wier souwuel fir d’Britten, wéi fir d’EU enorm…  Berechnungen vum IWF an der OECD no, géif London an de nächste 14 Joer iwwer 5% un Wirtschaftsleeschtung verléieren, an och d‘EU wier betraff, well d'Handelsbezéiungen mat der Insel ferme reduzéiert géife ginn. Experten warnen och virun engem Crash op de Boursen…

Huet d’EU dann e Plang B, fir de Fall wou…?!

Offiziell net.. Vu Bréissel heescht et just dass een hofft dass de 'YES' wäert gewannen. Inoffiziell soll et awer schonn eng helle Wull u vertraulechen Reuniounen ginn hunn mat aneren Memberstaten fir sech drop vir ze bereeden an ze verhënneren dass et et zu engem Domino-Effekt kéint kommen. Fir Juli kruten op alle Fall schonn eng ganze Partie EU-Diplomaten de Congé gestrach.