Fir e puer Deeg gëtt et lo mol richteg schéin am Eldoland.

Schonn um Virowend vu Nationalfeierdag kréie mir, bei bis 26 Grad, dacks d'Sonn ze gesinn. Vue dass et zimlech warem ass, an d'Sonn och laang um RDV bleift, behale mir och géinter Owend gutt warem Temperaturen. Ideal fir e Glas op der Terrass.

© piqs

Op Nationalfeierdag selwer gëtt et mat bis zu 31 Grad, héichsummerlech warem bei ons. Réischt géinter Owend klëmmt de Risk op en Donnerwieder an eng kleng Ofkillung.

© piqs

De Freide start ufanks nach sonneg, dono si méi kräfteg Donnerwieder a Schauer dran. Et bleift dompeg warem mat bis zu 29 Grad. De Weekend gëtt dann nees besser. Puer Wolleke, dacks schéin sonneg, a mat bis 24 Grad och net méi grad sou "iwwerdriwwe" warem. Deemno fält och den Donnerwieder-Risiko.