Zelda, God of War oder Resident Evil 7... A Punkto Spiller ass wuel keen An dréche bleiwwen

D’E3 huet wierklech a mengen Aen keen Fan enttäuscht zréckgelooss, kuckt een sech déi Wahnsinnstitelen hunn, déi deels presentéiert goufen. Dofir loossen mer keng Zäit verléieren… Wahrscheinlech dat Spill, wou mech perséinlech am meeschten interesséiert an och Milliounen vun aneren Nintendo-Fans ass deen neien Zelda, mam Numm Breath of the Wild. Erauskommen wäert d’Spill 2017, dat fir d’Wii U an déi nei NX. Punkto Grafik gëtt et eppes komplett Neies, dat an engem Open-World Entourage… Ech sinn op alle Fall gespaant.

Dann kënnt den 1. Mäerz 2017 Horizon: Zero Dawn fir d’PS4 eraus. An dësem Sony-Exclusive wäerten d’Gamer kënnen Roboter-Dinosaurieren joen. D’Grafik an d’Spillprinzip gesäit op alle Fall fantastesch aus.

E weideren Exklusiv-Titel vun Sony an e Klassiker ass deen neien God of War. D’Grafik, d’Story an de ganzen Entourage sinn opgefrëscht ginn. Et gesäit eierlech gesot esou gutt aus, dass ech et bal net erwaarden kann, mer d’Spill ënnert d’Neel ze räissen.

Als Southpark Fan am Generellen, an och speziell vum Spill The Stick of Truth, freeën ech mech natierlech ongemeng op den 6. Dezember, well dann bréngt eis de Kleeschen nämlech en 2. Deel vum South Park Spill mam extrem kreativen Numm South PArc: The Fractured But Whole…. Eraus kënnt d’Spill fir Xbox, PC, a PS4.

Weider Spiller fir déi et sech lount ze waarden sinn Death Stranding, dat neit Spill vum Hideo Kojima zesumme mam Norman Reedus, eng Nei-Oplag vum Alien-Shooter Prey, Dishonored 2, an Resident Evil 7, wou jo schonn méi laang bekannt ass wéi et ausgesäit, allerdéngs wousst witzegerweis keen dass et Resident Evil ass… Den Aarbechtstitel war bis d’E3 nämlech “Kitchen”.