Den 23. Juni ass Nationalfeierdag. Um Virowend gëtt scho gutt geféiert. An der Stad sinn ënnert anerem eng sëlleche Concerten...

Et ass nees sou wäit, haut a muer feiert Lëtzebuerg traditionell de Gebuertsdag vum Groussherzog. Schonn haut um Virowend gëtt an der Stad an op verschidden aner Plazen am Land gefeiert.

De Mëtten um 16h00 geet et lass mat der Relève vun der Garde virum Palais. Um 21h00 ass dann den traditionellen Fakelzuch duerch d’Stroosse vun der Stad. Duerno um 23h00 ass dann dat grousst Freedefeier dat bal 20 Minutten dauert. De ganzen Owend iwwer sinn op ville Plazen an der Stad eng sëlleche Concerten, z.B. um Knuedler, op der Plëss, an der Rue du St. Esprit, oder nach bei der Gëlle Fra. Ma och op lokalen Volleksfester uechter d’Land gëtt gefeiert (z.B. Esch, Käl, Diddeleng, Mamer oder Ettelbréck, fir der just e puer ze nennen).

Déi groussherzoglech Famill ass dann och de ganzen Dag iwwer ënnerwee. Déi ierfgroussherzoglech Koppel gëtt um 17h00 zu Esch empfaangen. D'Groussherzoglech Koppel ass vun 17h30 un's zu Ëlwen op Besuch. Duerno ass di ganz Famill dann an der Stad.

Fir de Virowend ass den ëffentlechen Transport an der Stad gratis. Betraff sinn d'Linnen 1 bis 31, wéi och d'Linne vum RGTR, an dat vun den Owend 6 Auer un‘s. Während dem Freedefeier sinn aus Sécherheetsgrënn eng Partie Stroosse fir kuerz Zäit net accessibel. Am beschten benotzt een och d'Park an d'Rides (Bouillon, Kierchbierg, Kockelscheier...). Den Detail fannt dir op vdl.lu.

Muer de Moien um 10 Auer ass dann déi offiziell Zeremonie an der Philharmonie, wou ënner anerem Leit gewierdegt a geéiert ginn. Um Fetschenhaff sinn duerno 21 Kanouneschëss ze héieren. Um 11h30 ass dann d’Militärparad déi an der Neier Avenue ufänkt. Den Te Deum ass um 16h30 an der Kathedral.

Vun 10-18h00 ass dat grousst Spillfest an der Stad. Vun der Kinnekswiss bis bei d'Pirateschëff ginn eng 100 Atelieren fir Kanner organiséiert. Parallel sinn och eng ganz Partie Concerten an Animatiounen.