De Brexit kënnt, mä wéi ass d'Stëmmung a Groussbritannien an zu London?

Laang gouf driwwer diskutéiert, keen huet esou richteg dru gegleeft an awer ass et elo passéiert. Groussbritannien huet sech vir e sougenannte Brexit entscheed an trëtt domadder aus der EU aus. Virun allem d'Londoner stinn ënner Schock well hei bal 60% vun de Leit géint e Brexit gestemmt hunn an ee generell dovunner ausgaangen ass, dass, och wann et ganz knapp giff ginn, d'Briten awer an der EU bleiwe giffen.

Lauschtert hei de Reportage:

De Leit hiert d'Bauchgefill a sämtlech Meenungsëmfroe waren also falsch an de Schock setzt nachemmer déif. Mee wat ännert sech dann elo ganz konkret? Vir d'éischt emol net vill. Bis den Austrëtt vun der EU komplett verhandelt ass, heescht et business as usual souwuel vir d'Brite wéi och vir EU Bierger. Den Zäitplang gesäit vir, dass Groussbritannien am Oktober e neie Premier kritt, deen dann d'Verhandlungen initiéiert. Et gëtt domadder gerechent, dass dat Ganzt opmannst 2 Joer dauert, also ännert sech a punkto EU emol näischt bis wahrscheinlech Enn 2018.

Dat heescht awer net, dass a Groussbritannien bis dohin alles esou bleift wéi et war. Schottland preparéiert schonn en zweete Referendum vir sech vun de Briten ze trennen an esou Deel vun der EU ze bleiwen. Och Nordirland an zeguer de Buergermeeschter vu London spille mat dem Gedanken. Et kann also gutt sinn, dass dat Groussbritannien dat 2018 aus der EU austrëtt, guernet méi esou grouss ass. Egal wéi et kennt, d'Thema Brexit ass hei an der britescher Haaptstad nach laang net vum Dësch.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter