Den 19ten August geet d'Schueberfouer op. Dëst Joer mat engem ganz neien Tuerm.

"Hangover-Tower" heescht dat neit Spill, wat dëst Joer op der Schueberfouer mat dobäi ass. Den Tuerm hutt eng Héicht vun 85m a fält eng 25m pro Sekonn.  Bis haut ass den HANGOVER THE TOWER, de gréissten Kiermes Free-Fall-Tower vun der Welt.

Natierlech huet dësen Tuerm och eppes ganz spezielles. Via Hydraulik-Stëft gëtt een während dem Trajet vun hanne provozéiert. Dat ass bis haut eemoleg. Du hues also praktesch d'Gefill, du géifs vun hannen gekëddelt an aus dem Sëtz gedréckt ginn.

Net méi mat dobäi sinn dëst Joer jo d'Wilde Maus an den Happy Sailor. Begréisse kann een awer nees den "Circus Circus" an och de Break Dance ass mat enger ganz neier Beliichtung mat dobäi.

D'Schueberfouer dauert dëst Joer vum 19ten August bis de 7te September.

Weider Infos zu der Schueberfouer an exklusiv "Insider-News" ginn et ëmmer nees op der Schueberfouer-Fan-Page op FB.