1h30 laang hutt den englesche Singer a Songwriter um Méinden an der Rockhal iwwerzeegt.

Punkt 9 koum de Mann, deen de Moment op all Radiostatioune rop a rof leeft op d'Bühn. Wien sech vun Ufank un op e "Schmuse"-Concert agestallt huet gouf net enttäuscht. Obwuel seng Lidder dacks melancholesch a romantesch sinn, huet den James Bay dach eppes hikritt wat vill anerer net fäerdeg bréngen: et war eng richteg gutt Stëmmung an der Rockhal. Et gouf een als Spectateur nonstop ënnerhalen. D'Ambiance war richteg gutt, ouni dass hie vill huet misse maachen.

© eldoradio

Och wat bei villen anere Stare dacks bemängelt gëtt gouf et gëscht Owend: den James Bay huet mam Lëtzebuerger Public geschwat. Vum éischte Moment u war hie sympathesch. Dee bekannte Fonken ass direkt iwwergesprong.

Musekstechnesch huet de Bay all seng grouss Hits ofgeliwwert. Nieft "If You Ever Want to Be In Love" an dem obligatoresche "Let it Go" gouf et awer och eng cool Cover Versioun vu "Proud Mary". Och eng kleng Zugab gouf et no 1h30, "Hold Back the River" huet dunn den Owend ofgeschloss.

Eng immens Stëmm, e richteg coolen Typ.

4 vu 5 Eldo Stäre

Lauschtert hei wéi de Public de Concert fonnt huet:

Lauschtert hei wat d'Eldoland vum Concert gehal huet >>>