Prostitutioun bleift erlaabt, allerdéngs gëllt dat net bei Mannerjäregen respektiv vulnerabelen Persounen. Ähnlech natierlech beim Mënschenhandel...

Direkt vir ewech, zu Lëtzebuerg ass mat bestëmmten Ausnahme Prostitutioun net strofbar a wäert et och bleiwen, esou d’Ministesch fir Chancëgläichheet Lydia Mutsch an de Justizminister Félix Bratz.

Mä, an dat ënnersträicht d’Lydia Mutsch och kloer, wëll een mam Aktiounsplang Prostitutioun awer reduzéieren an op kee Fall encouragéieren.

Ënnert anerem wäert et e méi strengen a verstäerkten gesetzleche Kader ginn. Weiderhin sinn natierlech Mannerjäreger an och elo vulnerabel Persounen absolut tabu a gi bestrooft. Och Exploitatioun, Mënschenhandel, den Zwang oder de Racollage sinn natierlech illegal. Fir de Recht muss de Client awer och entlaascht ginn, sollt hie bei enger Poursuite wichteg Aussoe maachen.

D’Wichtegkeet vum Client, och wann et ufanks komesch kléngt, ass net ze ënnerschätzen.

Weiderhin soll d’Prostitutioun net als Beruff unerkannt ginn an och mécht zum Beispill sech en Locataire strofbar, wann en enger Prostituéierter bewosst eng Wunneng verlount wou se hirer Tätegkeet nokënnt.

Grosso Modo huet sech d’Situatioun vun der Prostituéierter hei zu Lëtzebuerg net wierklech vill verännert, respektiv verbessert. Eng sougenannten Exit-Optioun huelen déi mannste Fraen an iwwregens och Männer wouer.